Äerd


Free Web Hosting with Website Builder
Äerd
Vue op d'Äerd vun der Apollo 17
The Blue Marble, Apollo 17
Eegeschafte vum Orbit (Epoch J2000)
Dauer vun engem Dag 23h:56min:04s
Mëttelste Radius 149.597.887 km
(1.000 000 11 AE)
Orbitalen Ëmfang 0.940 Tm
(6.283 AE)
numeresch Exzentrizitéit 0.016 710 22
Perihelion 147.098.074 km
(0.983 289 9 AE)
Aphelion 152.097.701 km
(1.016 710 3 AE)
Sideresch Period 365.256 96 d
(1.000 019 1 a)
Synodesch Period n/a
Duerchschnëttsorbitalgeschwindegkeet 29.783 km/s
Maximal Orbitalgeschwindegkeet 30.287 km/s
Minimal Orbitalgeschwindegkeet 29.291 km/s
Inklinatioun 0.000 05°
Satelliten 1 (Mound)
 
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser um Equator 12,756.28 km
Duerchmiesser un de Polen 12,713.56 km
Äerdëmfank um Equator 40,075 km
Äerdëmfang un de Polen 40,008 km
Uewerfläch 510,067,420 km²
Volume 1.0832×1012 km³
Mass 5.9736×1024 kg
Dicht 5.515 g/cm³
Fluchtgeschwindegkeet 11.186 km/s
Bunnneigung 23.439 281°
Neigung vun der Dréiachs 90°
Albedo 0.367
Uewerflächentemperatur
- Min
- Mëttel
- Max

185 K
287 K
331 K
Uewerflächendrock 100 kPa
 
Bestanddeeler vun der Atmosphär
Stéckstoff 78,084%
Sauerstoff 20,942%
Argon 0,934%
Kuelendioxid 350 ppm
[änneren]

D'Äerd ass dee Planéit, op deem mir liewen. Si ass deen drëtte Planéit an eisem Sonnesystem.

Inhaltsverzeechnis

D'Entstoe vun der Äerd

Kuckt heizou den Haaptartikel Geschicht vun der Äerd.

Bis haut kann nach kee richteg soen wéi d´Äerd entstanen ass an eng sëllegen Theorien goufen schonn opgestallt. Et gëtt allerdéngs eng schlësseg Theorie déi seet, datt eis ganzt Sonnesystem duerch d´Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltall forméiert gouf. D´Äerd soll demno viru 4,5 Milliarde Joer entstane sinn. Si ass am Laf vun 10 Millioune Joer duerch di ganz Matière déi si am Sonnesystem begéint ass an duerch d´Schlécken vun dësen Deelercher, ëmmer méi grouss ginn. D´Obprallenergie war onvirstellbar grouss an dat stänneg Bombardéieren an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d´Äerdiwwerfläch mat ausgedehnte Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmolzenem Gestengs geformt. Duerch dës Bombardementer gouf d´Äerd ëmmer méi erhëtzt. Déi opgehëtzte flësseg Matière konnt also zu engem eenzege grousse Kierper verbonne ginn. Dat schwéiert Material ass no a no an d´Mëtt gefall während déi liicht Elementer un der Iwwerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d´Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phase. Si huet bis ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.

Opbau vun der Äerd

Kuckt heizou den Haaptartikel Opbau vun der Äerd.

Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschätzten Äerdgewicht huet 5,96 Quadrimilliounen Kilogramm.

Äerdkuuscht

Si ass ënnert de Kontinenter bis zu 70 km an ënnert den Ozeanen bis zu 10 km déck an ass vun der Mass an dem Volume am Verglach zu denen aneren Äerddeeler immens kléng. Et gëtt zwëschen der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht ënnerscheet.

Äerdmantel

E läit ënner der Äerdkuuscht an ass ongeféier 2.860 km déck a besteet aus Gestengs dat ënner mächetegem Drock an enormen Temperaturen fléisst. En besteet gréisstendeels aus Silikaten.

Ieweschten Äerdmantel

Iwwergangszon

Ënneschten Äerdmantel

D´´Schicht

Dës Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel an mécht d'Grenz zum Äerdkär.

Äerdkär

Den Äerdkär ass dee bannensten Beräich vun der Äerd an besteet haaptsächlech aus Eisen an Néckel. En ass agedeelt an e feste Bannekär an e flëssegen Aussekär. De Bannekär ass ongeféier 2.400 km déck a geet bis zum Äerdmëttelpunkt. Den Baussekär ass 2.300 km déck a läit bis zu 2.900 km ënnert der Äerdiwwerfläch. D'Kärtemperatur läit bei ongeféier 4000 Grad Celsius.

Lithosphär an Asthenosphär

D´Lithosphär ass deen ieweschte Beräich vun der fester Äerd. Si besteet aus der Äerdkuuscht an dem ieweschten Äerdmantel.

D´Asthenosphär ass déi plastesch reagéierten Zon am ieweschten Äerdmantel, op där Lithosphären-Placke schwammen.

Äerdmagnéitfeld

Kuckt heizou och den Artikel Äerdmagnéitfeld

D'Äerd besteet aus zwéi Magnéitpolen an der Géigend vum Nord- a vum Südpol.

D'Atmosphär vun der Äerd

Kuckt heizou den Haaptartikel Atmosphär vun der Äerd.

D'Atmosphär ass d'Lofthüll vun der Äerd. Et gi verschidde Sphären oder Schichten je nodeem wéi Temperatur oder d'Héicht ass. D'Grenz vun der Atmosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht. Duerch d'Atmosphär hu mir Loft fir z'otmen, Waasser fir ze drénken, Schutz virun schiedlecher Sonnestrahlung a Meteoriten. 53 % vun de Sonnestrale ginn duerch d'Atmosphär absorbéiert oder zeréck an den All reflektéiert.

D'Kontinenter

Kuckt heizou den Haaptartikel Kontinent.

D'Ozeanen

Kuckt heizou den Haaptartikel Ozean.

Naturkatastrophen

Kuckt heizou den Haaptartikel Naturkatastroph.

Meteoriten

Vulkaner

Äerdbiewen

Vun engem Äerdbiewe schwätzt een, wann d'Surface vun der Äerduewerfläch duerch Kräften, déi meeschtens am banneschden Deel vun der Äerd entstinn, duerchgerëselt gëtt. E Biewen um Mieresbuedem nennt ee Mierbiewen (oder, an Analogie zum däitschen, Séibiewen).

En Äerdbiewe kann ëntstoen:

Moossung

Den italienesche Seismolog Guiseppe Mercalli huet am Joër 1902 e System entwéckelt, mat deem sech Äerdbiewen matenaner vergläiche loossen: déi no him benannte Mercalli-Skala. Domat kënnen Äerdbiewen an 12 Niveauen agedeelt ginn.

Obwuel dës Skala am Laf vun der Zäit e puer Mol ugepasst gouf, ass et net méiglech, mat hirer Hëllef Äerdbiewen ganz objektiv erëmzeginn: D'Annuerdnung vun de Schied ass zevill vun der Distanz zu der Entstehungsplaz vum Biewen, der Struktur vum Ënnergrond oder dem Zoustand vun der Bausubstanz ofhängeg.

Dofir huet den amerikaneschen Seismolog Charled F. Richter vun 1927 un eng wëssenschafftlech fundéierter Skala entwéckelt, déi et erlabe soll, Biewen allgemeng vergläichen ze kënnen. Dofir huet hien de sougenannten Seismogramm benotzt. Et ass him nämlech un dësem opgefall, datt d'Ausschléi vun der Stäerkt vun dem jeweilege Biewen ofhänkt.

Leider huet et ee Problem mat der iwwersiichtlecher Duerstellung vun de Wäerter ginn - d'Nol huet bei engem staarken Biewen zéngmilliounemol méi staark äusgeschloe wéi bei engem schwaachen. De Richter huet de Problem esou geléist: Hien huet a sénger Skala am Joer 1935 definéiert, dass sech d'Äerdbiewestäerkt tëschent zwee Niveauen a sénger Andeelung em de Faktor 10 steigert. E Biewen op der Richter-Skala mat der Stäerkt 6,0 ass deemno zéngmol méi staark wéi eent vun der Stäerkt 5,0


  Méi doriwwer am Artikel Äerdbiewenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. 

Plackentektonik

  Méi doriwwer am Artikel Tektonikan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. 

Flutwellen

Natierlech Ressourcen

  Méi doriwwer am Artikel Natierlech Ressourcenan den Artikelen [[{{{2}}}]] a(n) [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] a(n) [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] a(n) [[{{{10}}}]]. 

Waasser

Fettgedréckten Textdrock

Waasserstoff- a Brennstoffzellen

Fossil Energie

Sonnenenergie

Mineralien







Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History