
| Albireo | ||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Aner Nimm oder Katalognummeren | ||||||||||||||
|
Albireo ass den Numm vum Stär β Cygni (Beta Cygni) am Stärebild Schwan.
An der Literatur stinn zwou Déitungen, vu wou den Numm kann hirkommen: Deemno kënnt de Numm aus dem Arabeschen staamen an souvill wéi "Schniewel vum Hong" bedeiten oder sech aus dem algriicheschen ornis (Vull) ofleeden.
Den Albireo ass e bekannten, scho mat engem klengen Teleskop deelbaren Duebelstär, dem seng Komponenten en deitlechen, ganz schéinen Faarfkontrast hunn.
D’System besteet aus engem orangerouden (an der Literatur: gëllenen) Iwwerris mat der Spektralklass K3 an enger schäinbaren Hellegkeet vun 3,4m. D’Liichtkraaft ass 100x sou héich wéi déi vun eiser Sonn an den Duerchmiesser 19,2x dee vun der Sonn. Beta Cygni (Albireo) huet e Begleeder mat enger Hellegkeet vu 5,1m an der Spektralklass B9. Déi zwéi Stären hu vun der Äerd aus gesinn e Wénkelofstand vu 34 Bousekonnen. De Begleeder huet zum Haaptstär am Joer 2008 e Positiounswénkel vu 54 Grad.
Den Albireo ass 390 Liichtjoer ewech.
Koordinaten (Equinoxe 2000)
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History