Den SAO-Katalog (Smithsonian Astrophysical Observatory Star Catalog) ass e Stärekatalog vum Smithsonian Astrophysical Observatory. Hie gouf ëm 1966 fir d’astrometresch Ausmiessunge vu Fotoplaken a fir d’Satellitengeodäsie opgestallt. De Katalog enthält 259.000 Stäre n der Standard-Epoch 1950.0 bis erof op schäinbar Hellegkeet 9m.
De Katalog gouf aus de beschten deemools bestoende Quellen zesummegestallt (AGK1- an AGK2-Kataloge, FK4, General Catalogue GC, Cape Zone an e puer aner Stärekataloge) an hat um Nordhimmel Genauegkeeten ëm 0,5", am Süden eppes manner.
Dat véierbännescht Wierk gëtt duerch e Saz vun 152 Stärekaarten vergréissert, déi den ganzen Himmel iwwerlappend an 20×20°-Deeler duerstellen. Si sinn genee am Moossstaf vu spezielle Satellitenkameraen geplottet.
An der neitster Editioun ass d’Epoch vun den Positiounsdaten J2000.0. Den SAO-Katalog enthält schonn zënter der éischter Editioun d’Stärenummeren am HD- a BD-Katalog souwéi Eegebewegungen vun alle Stäre. Dohir kann hien ausser fir Astrometrie a Geodäsie och villen aneren Zwecken dingen, ë.a. fir Stellarstatistik bis zeréck an dat 19. Joerhonnert.
D’Nimm am SAO-Stärekatalog fänken mat der Buschstawefolg SAO un, an hale mat enger Nummer op. D’Nummeren ginn an 18 10°-Bänner zougewisen, woubäi d’Stäre bannescht engem Band no Rektaszensioun opgelëscht sinn.
Why are we here?
All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License
This page is cache of Wikipedia. History